Déi wesentlech Phasen am Oflaf vun enger Mediatiounspozedur

D’Mediatiounsprozedur ass an dräi grouss Phasen ënnerdeelt, wou d’Parteie probéieren eng gemeinsam Léisung ze fannen.

Konditiounen, déi ee muss erfëllen éier een eng Ufro erareecht

 

Fannt hei, welch Viraussetzungen erfëllt musse sinn, iert Dir Iech un de Mediateur wennt.

Déi schrëftlech Phas ass déi éischt Phas an der Mediatiounsprozedur:

De Mediateur vermëttelt de kompletten Dossier, deen e vum Demandeur krut un den Defendeur a gëtt him en Delai vu maximal zwou Woche fir eng schrëftlech Stellungnam dozou ofzeginn.

Zwou Situatioune kënnen optrieden:

Den Defendeur acceptéiert

un der Mediatioun deelzehuelen a gëtt seng Stellungnam of, wat zum Start vun der Mediatioun féiert.

Den Defendeur refuséiert

un der Mediatioun deelzehuelen a motivéiert dës Decisioun, et kënnt zu engem Echec vun der Prozedur.

Am Fall vun Akzeptanz:

Wann d’Prozedur mat der Acceptatioun an der Stellungnam vum Defendeur ufänkt:

01

De Mediateur schéckt se un den Demandeur weider a gëtt him och en Delai vun héchstens zwou Woche fir drop ze äntweren.

02

No der Replik vum Demandeur, freet de Mediateur eng lescht schrëftlech Stellungnam vum Defendeur, déi och an engem Delai vun net méi wéi zwou Wochen agereecht muss ginn.

Nom Empfank:

Nom Empfank vun der leschter Äntwert vum Defendeur, stellt de Mediateur als éischt d’Enn vun der schrëftlecher Prozedur fest.

Wa sech no enger weiderer Analys vum Dossier a vun alle Stellungnamen erausstellt, datt nach keng Léisung tëschent de Parteie konnt fonnt ginn, kann de Mediateur, wann hien et fir néideg hält, béid Parteien zu enger Auditioun alueden. Dës Auditioun stellt déi zweet Phas an der Prozedur duer.

D’Stellungname sinn ëmmer un de Mediateur geriicht, dee se un déi jeeweileg Partei weiderschéckt. Stellungnamen, déi de Mediateur nom Oflafe vum Delai kritt, ouni datt eng Verlängerung gefrot ginn ass, ginn net berücksichtegt. D’Prozedur gëtt an dësem Fall duerch e procès-verbal d’échec ofgeschloss.

Le déroulement de l'audition :

Innerhalb vun engem Delai vu maximal zwou Wochen, convoquéiert de Mediateur béid Parteie fir un enger Auditioun an de Raimlechkeete vum ILR deelzehuelen. Während dëser Auditioun kënne béid Parteien iwwer de Konflikt diskutéieren a probéieren eng Léisung ze fannen.

D’Auditioun (Unhéierung):

Fir de Fall wou d’Parteien eng Eenegung fanne konnten,

hält de Mediateur se schrëftlech an engem procès-verbal de fin fest a schléisst esou d’Mediatiounsprozedur of.

Wann et zu kenger Eenegung kënnt,

leet de Mediateur déi drëtt a lescht Phas vun der Mediatiounsprozedur an.

Informations utiles :

Et ass ze bemierken, datt de Mediateur während den éischten zwou Phasen net an der Léisung vum Konflikt aschrëtt. Hie stellt just d’Regularitéit vun der Prozedur fest a spillt d’Roll vum Vermëttler tëschent den zwou Parteien. Hie léisst d’Parteie selwer an eleng no enger Léisung sichen.

Béid Parteie musse bei enger Auditioun virstelleg ginn. Falls eng Partei sech net zur Auditioun presentéiert oder sech vertriede léisst, gëtt d’Mediatiounsprozedur duerch e procès-verbal d’échec ofgeschloss. Béid Parteie sinn awer dozou berechtegt, eng Verschibung vun der Auditioun unzefroen, wann se den éischten Termin net anhale kënnen. D‘Verschibung muss op mannst dräi Deeg virum Termin vun der Auditioun ugefrot ginn. Wann et sech allerdéngs ëm e grenziwwerschreidende Konflikt handelt, deen duerch d‘Ofschléisse vun engem Online-Kontrakt entstanen ass, dann ass d’Auditioun net obligatoresch a fënnt just statt wa béid Parteien hiert Averständnes fir eng Auditioun ginn hunn.

An dëser Phas verfaasst de Mediateur eng Léisungspropos

Béid Parteie musse bei enger Auditioun virstelleg ginn. Falls eng Partei sech net zur Auditioun presentéiert oder sech vertriede léisst, gëtt d’Mediatiounsprozedur duerch e procès-verbal d’échec ofgeschloss. Béid Parteie sinn awer dozou berechtegt, eng Verschibung vun der Auditioun unzefroen, wann se den éischten Termin net anhale kënnen.

D‘Verschibung muss op mannst dräi Deeg virum Termin vun der Auditioun ugefrot ginn. Wann et sech allerdéngs ëm e grenziwwerschreidende Konflikt handelt, deen duerch d‘Ofschléisse vun engem Online-Kontrakt entstanen ass, dann ass d’Auditioun net obligatoresch a fënnt just statt wa béid Parteien hiert Averständnes fir eng Auditioun ginn hunn.

Wa keng Eenegung während den éischten zwou Phase vun der Prozedur fonnt ginn ass:

Wa keng Eenegung während den éischten zwou Phase vun der Prozedur fonnt ginn ass, verfaasst de Mediateur eng Léisungspropos.

01

D’Léisungspropos gesäit vir, op wéieng Regelen de Mediateur sech baséiert. Deemno kann de Mediateur op rechtlecher oder op gerechter Basis eng Léisung virschloen.

02

Dës Léisungspropos ass net bindend fir d’Parteien.

03

De Mediateur leet d’Léisungspropos u béid Parteie weider an accordéiert hinnen erëm en Delai vun zwou Woche maximal fir him schrëftlech matzedeelen, ob si d’Propos acceptéieren oder refuséieren.

D'Äntwert:

Wann eng oder allen zwou Parteien d’Léisungspropos vum Mediateur refuséieren oder si dem Mediateur keng Äntwert während dem Delai vun zwou Woche ginn, gëtt den Echec vun der Mediatiounsprozedur an engem procès-verbal d’échec festgehalen.

Deemno kënnt et just duerch d’Unhuele vun der Léisungspropos vun allen zwou Parteien zu engem procès-verbal de fin.

D’Léisungspropos vum Mediateur ass net obligatoresch fir d’Parteien. Si kënnen se unhuelen an d’Empfeelunge befollegen oder net.

Ofschloss vun der Mediatiounsprozedur a Konsequenzen:

D’Mediatiounsprozedur kann deementspriechend op verschidden Aart a Weisen ofgeschloss ginn:

  • duerch e procès-verbal de fin, wann d’Parteien eng Eenegung während enger vun den éischten zwou Phase fonnt hunn;
  • duerch e procès-verbal de fin, wa keng Eenegung während den éischten zwou Phase konnt fonnt ginn an eng Léisungspropos an der drëtter Phas vum Mediateur verfaasst a vu béide Parteien ugeholl ginn ass;
  • duerch e procès-verbal d’échec, wann eng Partei net méi mat der Mediatiounsprozedur weiderfuere wëll oder si keng Stellung méi geholl huet am Delai, deen hir zur Verfügung gestallt ginn ass;
  • duerch e procès-verbal d’échec, wann eng oder béid Parteien d’Léisungspropos vum Mediateur net unhuelen.

Eng nei Mediatiounsufro am Hibléck op deeselwechte Konflikt ass nom Ofschloss vun der Mediatiounsprozedur net méiglech.

Béid Parteie behalen awer d’Méiglechkeet geriichtlech Schrëtt anzeleeden.

Konditiounen, déi ee muss erfëllen éier een eng Ufro erareecht

De Mediateur kann nëmmen agräifen, wa folgend Konditiounen erfëllt sinn:

  1. et muss e Konflikt tëschent engem Professionellen aus dem Beräich vun den elektronesche Kommunikatiounsservicer, der Energie (Stroum an/oder Äerdgas) oder de postaleschen Déngschtleeschtungen an engem Konsument existéieren, deen aus engem Kontrakt entstanen ass
  2. de Konsument oder Professionellen, deen eng Mediatiounsufro erareecht, muss am Viraus eng schrëftlech Reklamatioun u säi Vertragspartner adresséiert hunn. Wann dës Reklamatioun no engem raisonnabelen Delai onbeäntwert bliwwen ass, oder d’Äntwert hien net zefridde stellt, kann hien eng Mediatiounsufro areechen
  3. de Sträitfall dierf net scho vun enger anerer aussergeriichtlecher Entitéit, den ILR abegraff, engem in- oder auslänneschen “Tribunal arbitral” oder Gericht, gepréift gi sinn oder zur Zäit nach gepréift ginn
  4. de Sträitfall dierf net abusiv, „fantaisiste“ oder schikanéis sinn
  5. d’Behandlung vum Sträitfall dierf dat effektiivt Fonctionnement vum ILR net eescht beanträchtegen.

De Mediateur ass verflicht eng Mediatiounsufro ze refuséieren, wann eng eenzeg vun den uewe genannte Konditiounen net erfëllt ass oder wann hien der Meenung ass, datt de Konflikt besser virun enger geriichtlecher Instanz geregelt kéint ginn. De Refus vun enger Mediatiounsufro gëtt schrëftlech begrënnt.

Wéi reecht een eng Mediatiounsufro an?

Um Ufank vun der Prozedur, hutt Dir zwou Méiglechkeeten:

Postalesch Ufro

Fir eng Mediatioun per Post anzereechen, stinn Iech eis Formulaire an de Raimlechkeete vum ILR zur Verfügung. D’Formulaire kënnen Iech och op de postalesche Wee zougeschéckt ginn.

Kontaktéiert eis w.e.g. bei Interesse : 28 228 444 / mediation@ilr.lu.

Autres informations

Sprooch vun der Prozedur

FR
DE
LU

D‘Mediatiounsprozedur gëtt op franséisch, däitsch oder lëtzebuergesch ofgehalen.

Duerch säi Choix vun engem Formulaire entscheed den Demandeur sech fir eng Sprooch. Dës Sprooch gëtt während der ganzer Mediatiounsprozedur benotzt.

D’Sprooch kann net spéider gewiesselt ginn an et kënnen och net e puer Sprooche benotzt ginn.

Är Kontakter

D’physesch Persounen, déi sech em d’Mediatioun këmmeren, si spezialiséiert Staatsbeamte vum service juridique vum ILR. Si erfëllen hir Missiounen an Onofhängegkeet an Onparteilechkeet a verfügen iwwer dat néidegt Wëssen, Fäegkeeten an Erfarunge fir d’Roll vum Mediateur ze iwwerhuelen.

Fir weider Informatiounen iwwer eise Mediatiounsservice, kënnt Dir eis gäre kontaktéieren.

Mediatiounsservice

Service juridique

Dir hutt keng Äntwert op är Fro fonnt?

Entdeckt héi eisen FAQ-Beräich

  • Nëtzlech Linken

    Hei drënner fannt Dir eng Rei nëtzlech Linken zum Thema "Mediatioun".

  • Eng Fro?

    Wann Dir Informatiounen iwwer eis Servicer braucht, kuckt eis FAQs.

  • Meng Mediatiounsufro areechen

    Wann Dir net fäeg sidd Äre Sträit ze léisen, bitt ILR Iech säi frëndleche Konfliktléisungsservice.