Eise Mediatiounsberäich

Wann Dir Äre Sträit mat engem Professionnellen (Elektronesche Kommunikatiounsservicer, Energie, oder postaleschen Déngschtleeschtungen) net léise kënnt, bitt den Institut Luxembourgeois de Régulation Iech hire Service un, fir eng Léisung fir Äre Sträit ze fannen.

Zesummefaassung vun der Mediatioun

Mediatioun, wéi funktionéiert se ?

1

Wee kann eng Mediatioun areechen a géint wien ka se agereecht ginn?

E Konsument (Demandeur), deen zu Lëtzebuerg oder an der EU wunnt, kann eng Mediatioun géint e Professionnelle vum Secteur (Defendeur) mat Sëtz zu Lëtzebuerg areeche.

 

Ennert “Professionnelle vum Secteur “ sinn am Sënn vun der Mediatiounsprozedur vum ILR:

  • Operateur vun elektronesche Kommunikatiounsservicer,
  • Stroum-/Äerdgasbedreiwer
  • Stroum-/Äerdgasliwwerant
  • Ubidder vu postaleschen Déngschtleeschtungen

Zanter 20223 gëtt et eng Ausnam am Stroumsecteur: D’Gesetz erlaabt och all aner Professionellen eng Mediatiounsprozedur géint e Stroumliwwerant anzeleeden.

An allen anere Secteure kënnen nëmme Konsumenten eng Mediatiounsufro géint engem Professionelle vum Secteur areeche.

Een, am Abschnitt 1.1.3.1., definéierte Professionelle vum Secteur (Demandeur) mat Sëtz zu Lëtzebuerg kann eng Mediatioun géint e Konsument (Defendeur), deen zu Lëtzebuerg wunnt, areeche.

2

Déi concernéiert Secteuren

3

Wéi eng Konditioune mussen erfëllt sinn ?

Dir musst bestätegen, datt dir eng schrëftlech Reklamatioun u äre Vertragspartner adresséiert hutt, datt keng geriichtlech Prozedur, keng Mediatiounsprozedur beim ILR oder bei enger anerer Mediatiounsentitéit oder bei engem “Tribunal arbitral” am Gaang oder schonn duerchgefouert ginn ass.

4

Wéi eng d’Ënnerlage musse bei der Mediatiounsufro bäigeluecht ginn ?

Dir musst är schrëftlech Reklamatioun u äre Vertragspartner a gegeebenenfalls seng Äntwert onbedéngt bäifügen (pdf, png und jpg a maximal 20 MB).

Är Kontakter

D’physesch Persounen, déi sech em d’Mediatioun këmmeren, si spezialiséiert Staatsbeamte vum service juridique vum ILR. Si erfëllen hir Missiounen an Onofhängegkeet an Onparteilechkeet a verfügen iwwer dat néidegt Wëssen, Fäegkeeten an Erfarunge fir d’Roll vum Mediateur ze iwwerhuelen.

Fir weider Informatiounen iwwer eise Mediatiounsservice, kënnt Dir eis gäre kontaktéieren.

Mediatiounsservice

Service juridique

Dir hutt keng Äntwert op är Fro fonnt?

Entdeckt héi eisen FAQ-Beräich

Nëtzlech Linken

Hei drënner fannt Dir eng Rei nëtzlech Linken zum Thema "Mediatioun".

Eng Fro?

Wann Dir Informatiounen iwwer eis Servicer braucht, kuckt eis FAQs.

Meng Mediatiounsufro areechen

Wann Dir net fäeg sidd Äre Sträit ze léisen, bitt ILR Iech säi frëndleche Konfliktléisungsservice.