Dans la même thématique...
Découvrez des liens vers des pages connexes pour approfondir vos connaissances et explorer des sujets similaires.
Entdecken Sie, wie Calculix, das Vergleichstool für Strom- und Gasangebote des ILR, die Anforderungen an Transparenz, Unabhängigkeit und Zugänglichkeit erfüllt.
D’Stroumdirektive fuerdert am Artikel 14, zu den Instrumenter fir de Präisvergläich, datt op d’mannst Stéit, a kleng Entreprisen mat engem geschate Joresverbrauch vu manner wéi 100.000 kWh, gratis Zougang hunn op wéinstens een Instrument dat et erlabt Offere vun Liwweranten ze vergläichen, dorënner och dynamesch Produiten. D’Clienten ginn iwwer d’Verfügbarkeet vun dësen Vergläichsméiglechkeeten informéiert, sief et op hirer Rechnungen, oder op anerem Wee. Esou e Vergläichsportal erfëllt op d’mannst folgend Krittäre:
si sinn onofhängeg vu aneren Acteuren um Maart, a stelle sécher datt eng Entreprise wéi déi aner behandelt gëtt;
b) si weisen kloer d’Identitéit vun hire Besëtzer a vun der natierlecher oder juristescher Persoun, déi de Vergläichsportal bedreift a kontrolléiert, a liwwert Informatioun iwwer d’Finanzement vum Portal;
si weisen déi kloer an objektiv Krittären aus, op Basis vun deenen de Vergläich gemaach gëtt, oder aner Déngstleeschtungen offréiert ginn;
si benotzen eng kloer an eendeiteg Sprooch;
si bidden korrekt an aktuell Informatiounen un, a ginn den Datum an d’Zäit vun der leschter Aktualiséierung un;
si sinn fir Leit mat Behënnerungen zougänglech andeems se sichtbar, steierbar, verständlech a robust gestalt sinn;
si gesinn eng effikass Prozedur vir, fir ongenee Informatioun iwwer verëffentlecht Offeren ze mellen; an
si gestalten de Vergläich esou datt se sech just op perséinlech Donnéeë limitéieren, déi fir de Vergläich zwengend noutwendeg sinn.
De Calculix entsprécht dëse Krittären folgendermoossen:
D’Veraarbechtung vu perséinlechen Donnéeën, beim Ariichte vun engem Benotzerprofil, esou wéi d’Konformitéit mam legale Kader, ginn an der Legaler Notiz erkläert.
Fir Stéit, deckt de Calculix de ganze lëtzebuergesche Stroum- a Gasmaart of. Offeren fir professionell Clienten op der Nidderspannung, sinn op ëffentlech zougänglech Offeren limitéiert, a berouen op fäiwëlleger Participatioun vum Liwwerant.
Den ILR ënnersicht wéi nei dynamesch Offeren, déi an Zukunft no der Ëmsetzung vun der EU Direktive 2019/944 opkomme wäerten, am Calculix integréiert kënne ginn.
Découvrez des liens vers des pages connexes pour approfondir vos connaissances et explorer des sujets similaires.
Si vous avez besoin d'informations sur nos services, consultez nos FAQ.